Iwwert de Weekend1.471 positiver bei 3.972 Tester, am Ganzen 1.100 Doudeger

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ëm 2 op 1.100 geklommen ass.
© RTL

D’Aktualiséierung vun de Coronazuelen enthält d’Donnéeë vun e Freideg, Samschdeg a Sonndeg, dat, well de Gesondheetsministère iwwert de Weekend keng Zuele matdeelt.

Aktuell sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner kee Patient op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.286.394 Impfdosisse genotzt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,00. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Positivitéitstaux louch e Sonndeg bei 21,51 Prozent. (134 positiver bei 624 Tester)

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO