
Eleng bannent der éischter Schoulwoch goufen et bei Kanner tëscht 3 an 12 Joer, déi hei am Land wunnen, 185 positiv getest. Iwwert de Contact Tracing goufen eng 2.400 Kanner identifizéiert, vun deenen der eng 1.850 an d'Quarantän hu misste goen.
Dës Chiffere liwwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng urgent parlamentaresch Fro vun der Co-CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen. Weider preziséiert d'Ministesch, datt d'Covid-Hotline den Ament net iwwerlaascht wier an och de Contact Tracing keng Retarden hätt.
Am Fall vun engem positiven Autotest, deen e Schüler doheem mécht an iwwert d'App vun der Santé saiséiert gëtt, géif och net automatesch eng Ordonnance fir e PCR-Test geschriwwe ginn.
Eng aner Prezisioun ass et, datt, wann et een oder zwee positiv Fäll an enger Klass ginn, déi aner Schüler, déi net geimpft oder geheelt sinn, a Quarantän gesat ginn. Si kréien awer eng Derogatioun, fir weider an d'Schoul ze goen - dat ënner zwou Konditiounen: de Mask muss gedroe ginn a si mussen un engem renforcéierten Testing deelhuelen.
Réischt vun engem drëtte positive Fall an enger Klass u sinn déi aner Kanner, déi net geimpft oder geheelt sinn, automatesch och an enger Quarantän. Wann d'Majoritéit vun enger Klass a Quarantän doheem ass, gëtt de Cours online gehalen.
