
Wéi de CGDIS mellt, gouf bei deem Accident eng Persoun verwonnt. D'Stater Pompjeeën an d'Ambulanz waren op der Plaz.
D'Police präziséiert, dass den Accident geschitt ass, well d'Virfaart net respektéiert gouf. De Motocyclist konnt den Auto net méi evitéieren, deen aus enger Niewestrooss op d'Côte d'Eich gefuer ass.