
Aktuell si 72 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 21 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 947.086 Impf-Dosisse genotzt. 6.549 Leit sinn en Dënschdeg geimpft ginn.
En Dënschdeg louch den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte bei 164,06 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 75,37 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.