Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Doudesaffer, 775 vun 2.367 Tester positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.054 geklommen ass.

Aktuell sinn 30 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 4 Patienten op der Intensivstatioun. Am Ganze goufe bis ewell 1.277.926 Impfdosisse genotzt.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 0,86%. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO