
Et war géint 21 Auer, wéi op der N12 zu Déierbech a Chauffer kontrolléiert gouf, deen am Zickzack ënnerwee war. Den Alkoholtest war wéi gesot positiv. De Führerschäin war den Automobilist lass, amplaz krut en dofir e Protokoll.
Kuerz virun 23 Auer ass dann op der Haaptstrooss zu Viichten en Automobilist opgefall, well en d'Riicht net méi behalen huet. Hei war den Alkoholtest bei ënner 1.2‰, wouduerch dëse Chauffer säi Führerschäin konnt behalen. Laanscht e Protokoll koum en awer net.
Kuerz no 23 Auer Auer ass an der Stad en Automobilist de falsche Wee iwwert de Boulevard Prince Henri gefuer, fir duerno iwwert d'Busspuer an der Avenue Monterey weiderzefueren. Bei der Kontroll vun der Automobilistin gouf festgestallt, dass Si schonn en ageschränkt Fuerverbuet hat, géint dat Se verstouss huet. Dobäi koum en ze héijen Alkoholpeegel. Op Uerder vum Parquet gouf den Auto séchergestallt.
En Donneschdeg den Owend hat d'Police dann och nach op Uerder vum Parquet gréisser Alkoholkontrollen um Briddel an zu Béiweng gemaach. 117 Automobiliste goufe kontrolléiert. An 3 Fäll war den Alkoholtest positiv an et gouf e Protokoll geschriwwen. Bei kengem war den Taux sou héich, dass e Führerschäin hätt mussen agezu ginn.