"Gudden Accord" fir den OGBL1. Kollektivvertrag bei "Zara" ënnerschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Bei der Kleeder-Chaîne Zara gouf um Méindeg en éischte Kollektivvertrag ënnerschriwwen.

De Vertrag gëllt dräi Joer a gesäit ënnert anerem Folgendes vir: eng Prime de fin d’année, déi un d’Presenz gebonnen ass, bis zu véier Deeg Congé méi a méi Pai a Funktioun vun der Anciennetéit. Och Limitte vun den Iwwerstonnen si festgehale ginn.

Den OGBL begréisst an engem Communiqué e "gudden Accord". Zara beschäftegt hei am Land eng 150 Leit.

PDF OGBL

Back to Top
CIM LOGO