
De Samus-Noutdokter vun Ettelbréck war hei nieft de lokale Secouristen mat am Asaz.
Op der Houschter Déckt ware géint 22.20 zwee Gefierer net laanschtenee komm – do gouf och eng Persoun verwonnt. D’Pompjeeën an d’Ambulanz vun Housen waren op der Plaz.
Um Dënschdeg koum et géint 8 Auer op der N6 vu Stengefort a Richtung Wandhaff zu enger Kollisioun tëscht 3 Gefierer. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D’Ambulanz vu Mamer an d’Pompjeeë vu Stengefort waren op der Plaz.