CGDIS-Bulletin1 Persoun ënnert Bam ageklemmt, iwwer 130 Asätz wéinst Stuerm

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Freideg haten d'Ekippe vum CGDIS genuch ze dinn. Nieft Accidenter war den 112 ganzer 137 Mol wéinst dem staarke Reen a Wand geruff ginn.
Symbolbild
Symbolbild
© RTL Archiv / Domingos Oliveira

Géint 18.17 Auer en Donneschdeg den Owend war zu Ierpeldeng bei Eschweiler e Bam op e Bus gefall. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Wolz.

D’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad waren eng Stonn méi spéit zesumme mam Samu op Hollerech an d’Rue de la Semois geruff ginn, nodeems hei e Bam op eng Persoun gefall war an dës ënnert dem Bam ageklemmt a blesséiert gouf.

Donieft war et dann nach géint 1 Auer an der Nuecht op e Freideg zu Monnerech an der Grand-Rue zu engem Accident komm, bei deem en Auto an eng Mauer gerannt ass an zwou Persoune blesséiert goufen. Hei waren d’Ambulanciere vu Monnerech an d’Pompjeeë vum SaDiff um Asaz.

Ee Foussgänger gouf iwwerdeem kuerz virun 2 Auer tëscht Nidderdonwen an Uewerdonwen vun engem Auto ugestouss a blesséiert. Och hei war de Samu aus der Stad op der Plaz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Fluessweiler a Mäertert.

Donieft waren d’Ekippe vum CGDIS an der Nuecht op e Freideg am Ganzen op 137 Interventioune wéinst Iwwerschwemmungen, Schied a Beem, déi ëmgefall waren, am Asaz. Dorënner 3 Interventioune wéinst Kelleren, déi ënner Waasser stoungen, 5 beschiedegten Diecher a 5 Clôturen. A 60 Fäll waren d’Pompjeeë wéinst ëmgefalle Beem am Asaz, a 64 weidere Fäll waren d’Ponts et chaussées zoustänneg.

Back to Top
CIM LOGO