Coronavirus zu Lëtzebuerg1 Persoun gestuerwen, vun 2.552 Tester waren der 91 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé huet matgedeelt, datt d'Zuel vun de Leit, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, bei 839 läit.
© RTL

Aktuell sinn 19 Persounen hospitaliséiert, dovunner dräi op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 796.217 Impf-Dosisse genotzt. 484 Leit kruten en Donneschdeg hir 1. Dosis gesprëtzt. Fir 368 Persoune war et déi 2. Impfung.

Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,01. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

PDF: De Rapport journalier vun der Santé

Back to Top
CIM LOGO