CGDIS1 Persoun ugestouss, eng weider vun Trottinette gefall a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Um 18 Auer e Méindeg den Owend war zu Stroossen an der Rue du Cimetière eng Persoun ugestouss ginn.

Zu Käerjeng um Boulevard Kennedy war géint 22.45 Auer ee mat enger elektrescher Trottinette gefall a gouf blesséiert.
Eppes no Hallefnuecht hat zu Esch bei der Porte des sciences e Kompresser gebrannt. 3 Rettungscorpsen aus der Géigend waren op der Plaz, grad ewéi d’Ambulanz vun Esch. De CGDIS mellt hei awer kee Blesséierten.

Back to Top
CIM LOGO