
An der Beetebuerger Strooss op der Kockelscheier hat kuerz virun 18 Auer eng Rulott gebrannt, ëm déi sech d'Stater Pompjeeë gekëmmert hunn. Persoune sinn dobäi keng zu Schued komm.
Net laang duerno, um 18:05 Auer gouf et dann um CR226 tëschent Duelem an Haassel en Accident mat zwee Gefierer, bei deem zwou Persoune blesséiert goufen. Am Asaz waren d'Secouriste vu Réimech, Duelem a Fréiseng.
En Donneschdeg de Moien, kuerz viru 7 Auer louch an der Wisestrooss zu Helleng en Auto op der Kopp a géint 7:40 Auer sinn an der Rue Auguste Laval an der Stad zwee Autoen aneneegerannt. Zu Helleng waren d'Rettungsekippe vun Diddeleng a Fréiseng am Asaz, an der Stad déi lokal. Blesséiert gouf bei dësen Accidenter keen.