Dozou gouf ee méi gewuer um 1. regionale Klimadag am Recyclincenter zu Mënsbech. Organiséiert gouf dëst Evenement vum Gemengesyndikat SIAS a senge 4 Grënnungsgemengen Schëtter, Sandweiler, Nidderanven a Contern.
“Mir hu just eng Äerd” - zu deem Motto goufe verschidde Workshoppen, Live-Presentatiounen a informativ an interaktiv Stänn organiséiert.
Um Vëlo pedalléieren an esou e Smoothie mixen, säin eegene portabele Gaart séien an dekoréieren oder Froen zum ekologesche Foussofdrock beäntweren. Dat waren nëmmen e puer Atelieren, bei deenen d’Visiteure spilleresch eppes iwwer Ëmwelt a Klima léiere konnten.
Manner mam Auto fueren, et sief dann et ass en Elektrogefier, manner rout Fleesch an Déiereproduiten consomméieren an Offall trennen - dat sinn e puer einfach Schrëtt, déi Grousses bewierke kënnen, fir eis Äerd ze retten. Sou gouf et de Visiteuren um Klimadag un d’Häerz geluecht.