
Zanter datt den Nationalen Zenter fir Affer vu Gewalt den 1. Mee 24 Stonnen op 24, 7 Deeg op 7 opgaangen ass, sinn d'Zuelen vun de Leit, déi sech hei mellen, fir gehollef ze kréien, "exponentiell" an d'Luucht gaang. Dat geet aus den Erklärungen vum Chancëgläichheets- a Sportsministère op eng parlamentaresch Fro vun der Piratepartei ervir.
An den éischten 12 Méint huet den CNVV alles an allem 426 Affer en Charge geholl. An de leschten zwee Méint waren et elo scho méi wéi hallef sou vill, wéi am ganze leschte Joer. 248 fir genee ze sinn. Ronn d'Hallschent vun den Affer ass op der Plaz betreit ginn. Déi allermeescht vun hinnen, 80% hu Gewalt bei sech doheem an der Famill erlieft. Psychologesch, physesch oder och sexuell Gewalt.
Gewalterfarungen aus dem Sportberäich goufe bis elo keng en Charge geholl. Sportler kënne sech och bei der sougenannter der "Agence Luxembourgeoise pour l'Intégrité dans le Sport" (ALIS) mellen. Zanter datt dës Agence lancéiert gouf, si bis elo 16 Signalementer u se erugedroe ginn. Datt béid Instanze sech géigesäiteg géife Konkurrenz maachen, gesinn déi zoustänneg Ministèren net.
Den CNVV huet Enn Abrëll zejoert als Pilotprojet vun direkt 5 Ministèren, ënnert der Leedung vum Chancëgläichheetsministère seng Dieren opgemaach a gëtt zanter hir vum Roude Kräiz geréiert. Affer kënne sech hei fir eng éischt ambulant Prise en charge mellen. Dat éischt Joer hat den Zenter just zu spezifeschen Auerzäiten op an der Woch owes an de Weekend.
Et war allerdéngs scho vun Ufank u geplangt, fir den Dispositiv op eng Betreiung ronderëm d'Auer auszebauen. Dat gouf nom éischte Joer also elo och en Place gesat.