Stad Lëtzebuerg1 Verdächtegen no Déifstall vu Portmonni festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun Hallefnuecht gouf e Mann an der Avenue de la Gare vun zwee Onéierlecher iwwerfall, woubäi säi Portmonni geklaut gouf.
Symbolbild
Symbolbild
© Police Luxembourg

Wärend der Sich no den Täter konnt eng Patrull zwee Verdächteger an der Rue du Fort Neipperg ermëttelen. Eng Persoun konnt dobäi gestallt ginn, deem zweete presuméierten Täter war d’Flucht gelongen.

Op Uerder vum Parquet gouf déi gestallte Persoun festgeholl a koum e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO