
Aktuell sinn 32 Persounen hospitaliséiert, dovunner sinn 3 Patienten op der Intensivstatioun. E Méindeg goufen 122 Re-Infektioune festgestallt. Den Ament ginn et 11.795 aktiv Infektiounen, 182.044 Leit sinn nees gesond.
Am Ganze goufe bis ewell 1.270.982 Impfdosisse genotzt.
Den Inzidenzwäert bei den Net-Geimpfte läit bei 120,97 op 100.000 Awunner, dee vun de Geimpfte bei 151,26 op 100.000.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,05. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.