Lëtzebuerg promouvéieren 10 Fichen iwwer de Grand-Duché

RTL Lëtzebuerg
D'Geschicht, d'Kultur, d'Politik an d'Sprooch ginn ënnert anerem an de Fichen erkläert, mat ville Biller, e bëssi Text a Statistiken.

Wat ass typesch Lëtzebuerg? Op des Fro wëllen 10 Fichen iwwer de Grand-Duché äntweren, fir d'Land ze weisen a méi ze promouvéieren. Publizéiert goufe se vum Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP) an dem Statec.

Déi 10 Fichen heeschen: Op ee Bléck, Geschicht vum Grand-Duché, Kultur, Bevëlkerung a Sprooch, Liewensqualitéit, Politik an Institutiounen, Lëtzebuerg an der Welt, Wirtschaft, Import an Export, Innovatioun. D'Broschür gëtt et a véier Sproochen: op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch.

PDF: Déi 10 Fichen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO