
Tëscht 15:05 an 15:10 Auer koum et zu Beetebuerg, am Beräich vun der Kräizung vun der Rue du Coin mat der Rue Dicks, zu engem Virfall. Eng 19 Joer al Fra gouf do vun engem onbekannte Mann ugegraff an an den Aarm geholl. D'Affer konnt sech wieren, ass dobäi awer op de Buedem gefall. De Mann huet sech doropshin a Richtung Rue Michel Lentz ewechgemaach.
Méi spéit, wéi déi jonk Fra bei sech doheem ukoum, huet si festgestallt, dass den Onbekannten hir nogaange war. Et koum zu engem weideren Iwwergrëff an och do huet sech d'Affer nees gewiert. De Mann huet opginn an ass geflücht. D'Fra gouf beim Virfall net blesséiert.
Wien Informatiounen zu der verdächteger Persoun huet oder eppes gesinn huet, soll sech bei der Police mellen um (+352) 244 61 1000 oder per E-Mail op police.reiserbann@police.etat.lu.