
Si sinn héich spezialiséiert drop, fir Schëffer z'iwwerfalen.
Eleng 2020 goufen et an dëser Regioun 82 Piraten-Attacken; zwee Mol war och e Schëff mat Lëtzebuerger Fändel viséiert.
Am Golf vu Guinea gëtt Pëtrol ofgebaut - zwou Gesellschaften, déi am Lëtzebuerger Pavillon maritime registréiert sinn, si reegelméisseg an dëser geféierlecher Regioun virun der afrikanescher Westküst aktiv.
Fir sech selwer z'arméieren, stellt keng Defense-Méiglechkeet fir d'Schëffs-Crewen duer, wa se vu Piraten iwwerfall ginn, villméi gëtt op Gardë gesat, déi mat Waffen u Bord sinn an och kënne ripostéieren.
Dës Äntwerte gëtt den zoustännege Wirtschaftsminister Franz Fayot senger Parteikolleegin Lydia Mutsch, déi zum Sujet vun de Piraten-Attacken eng parlamentaresch Fro gestallt hat.
Nach virun zwou Woche war d'Lëtzebuerger Schëff Bourbon Evolution virun der Küst vu Nigeria vu Piraten iwwerfall ginn. Den Equipage konnt sech an enger interner Struktur um Schëff a Sécherheet bréngen.
