Den 1. Juli huet a China déi kommunistesch Partei am ganz grousse Stil hiren 100. Gebuertsdag gefeiert. D’Partei zielt an hirem Land méi wéi 90 Millioune Memberen. Och d’Kommunistesch Partei Lëtzebuerg gouf virun 100 Joer gegrënnt. Am Kader vun de Feierlechkeete ronderëm de Centenaire huet de laangjärege President vun de Kommunisten, den Ali Ruckert, rezent (5.Juli) zu Uewerkuer säi Buch iwwert d’Geschicht vun enger revolutionärer Partei virgestallt. D’Lynn Cruchten huet sech mat him iwwert d’KPL vu fréier an haut ënnerhal. 1921, no der Oktoberrevolutioun, gouf d’Kommunistesch Partei Lëtzebuerg gegrënnt, mam Zil de Kapitalismus z’iwwerwannen an eng méi sozial gerecht Gesellschaft opzebauen. Den Ali Ruckert ass zanter 1971 Member bei der KPL an erënnert sech u wichteg Etappen an der Geschicht vun der Partei.
Mat anere Kommunisten uechtert d’Welt géif d‘KPL déi grondsätzlech Iddie verbannen. D’Iddi vun enger Gesellschaft, wou déi grouss Produktiounsmëttel, Banken an Industriebetriber an den Hänn vum schaffende Vollek sinn amplaz enger klenger Minoritéit vun Aktionären. Inspiréiere géif ee sech un auslännesche kommunistesche Parteien awer net, well Lëtzebuerg eenzegaarteg wier.
Als kleng Partei, déi keng Vertrieder an der Chamber huet, hätt een et zu Lëtzebuerg schwéier, seng Iddien un de Grand Public weider ze droen. Iwwert déi aktuell Memberzuel géif sech d’KPL ni äusseren, esou den Ali Ruckert, dee just sot, dass nom Zweete Weltkrich d’Zuel vun de KPL Unhänger vun 200 op 5.000 geklomme wier. Am kale Krich dunn awer e puer Dausend Memberen der Partei de Réck gedréint hätten.