Op eise Stroossen104 Automobiliste kontrolléiert, 2 Permisen ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
Bei zwou gréisseren Alkoholkontrollen zu Koler an zu Bieles goufen am ganzen 104 Automobiliste kontrolléiert.
© AFP

Ronn 15 Leit hunn zu Koler tëscht 0.30 Auer an 1.30 Auer misste blosen. 3 Mol war de Wäert ze héich, 1 Chauffer huet de Permis missten ofginn.

Tëscht 2.30 Auer a 4 Auer war dann eng weider Kontroll zu Bieles. Vun den hei gestoppten 89 Automobilisten haten der 7 ze déif an d'Glas gekuckt. Och hei huet eng Persoun de Permis verluer.

Da gouf et nach en Accident op der Gadderscheier, bei deem d'Police engem Chauffer de Permis huet missten ofhuelen.

De CGDIS da mellt en Accident e Samschdeg de Moie fréi zu Ettelbréck, bei deem eng Persoun blesséiert gouf. En Trakter an zwee Autoe waren net laanschtenee komm.

Back to Top
CIM LOGO