Dat huet d'Musel-Sauer-Gemeng um Méindeg de Moie via Facebook matgedeelt.

Lëtzebuerg preparéiert sech jo den Ament grad op héich, op ganz héich Temperaturen ...

Domat beschäftege sech dann och d'Schoulen an d'Gemengen, well an de Schoulgebaier, virun allem, wa Säll ënnert dem Daach sinn oder wann d'Gebaier scho méi al sinn oder wa keng Klimaanlag do ass, kënnen d'Temperature scho mol an d'Luucht kloteren, esou datt et da bal net méi méiglech ass, Schoul a gudde Konditiounen ze halen.

Vill Gemengen a Schoulen dierften dofir den Thermometer dës Woch am Woch a A behalen.

D'Gemeng Mäertert-Waasserbëlleg huet um Méindeg schonn e mol Neel mat Käpp gemaach an op Facebook ugekënnegt, datt vu 35 Grad u schoulfräi ass. Bis op den Donneschdeg wieren awer keng esou héich Temperaturen annoncéiert:

De Schäfferot deelt mat, dat no Récksprooch mat de Schoulpresidenten festgehale ginn ass, dat et am Fall vun Temperaturen ab 35 Grad, schoulfräi gëtt. D'Léierpersonal organiséiert an dësem Fall een Accueil. Am Moment sënn bis ob den Donneschden keng Temperaturen iwwer 35 Grad gemellt.

RTL

29 Grad am Schiet zu Gréiwemaacher e Méindeg, 19. Juni um 14 Auer. / © Jean Walté

Waasser spueren

De Schäfferot vun der Gemeng Jonglënster appelléiert u seng Bierger, während den héijen Temperature spuersam mam Waasser ëmzegoen.