Corinne Cahen11 Persoune an Alters- a Fleegeheemer sinn aktuell positiv op Coronavirus getest

Carine Lemmer
9 dovunner sinn an enger Struktur fir demenzkrank Leit. 13 Leit Personal sinn a Quarantän.
Covid-19 an Alters- a Fleegeheemer
9 dovunner sinn an enger Struktur fir demenzkrank Leit. 13 Leit Personal sinn a Quarantän.

Déi Chifferen huet d'Familljeministesch Corinne Cahen e Mëttwoch de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun genannt.

Déi aner zwou Persounen an aneren Heemer hu sech bei engem Openthalt am Spidol, respektiv bei enger Sortie ugestach.

Besuch ass an allen Heemer méiglech, och op der Kummer. Ausser op där Demenz-Statioun mat de positive Fäll.

6 Persounen, déi Hëllef doheem kréien, goufen och positiv getest. A Strukture fir Leit mat engem Handicap sinn aktuell zwee Awunner a Quarantän.

Situatioun an den Altersheemer / Reportage Carine Lemmer

D'Beméiungen an den Haiser hätte sech bezuelt gemaach, war e Mëttwoch de Moien ee Constat. 11 Infektioune sinn der natierlech 11 ze vill, seet de President vun der Kommissioun, den DP-Deputéierte Max Hahn.
Mä d'Ustrengungen an den Alters- a Fleegeheemer géifen d'Awunner do schützen.

Max Hahn:Fir mech dat eindeutegt Zeechen, wa mir eis alleguerte ganz streng un déi Recommandatiounen halen déi mer kruten, dat heescht d'gestes barrièren anzehalen, déi iwwregens genau déi selwecht an de Fleegeheemer sinn, wéi dobaussen, wéi mir se alleguerten z'applizéieren hunn, dass mer dann de Virus besser kënne Meeschter ginn. A wéi gesot, dat hei vläicht op dëser Plaz den Appell fir ze soen, op der enger Säit Felicitatioun fir alleguerten déi, déi derfir suergen, dass mer net méi héich Zuelen an den Alters- a Fleegeheemer hunn.

Där Meenung ass och den CSV-Deputéierte Paul Galles. Den Ament sinn déi vulnerabel Leit prozentual gesi manner betraff wéi d'Gesamtpopulatioun.

Paul Galles:Dat heescht, d'Protektioun vun de Leit funktionéiert gutt. Dat heescht natierlech och, dass de Recht vun der Gesamtbevëlkerung dovun eppes ka léieren, an dass mer musse kucken, wéi mer den Ament eben openeen oppassen, fir dass et net weider geet.

Muss et méi kloer Reegele gi fir d'Alters- a Fleegeheemer? Doriwwer gëtt zanter dem Ufank vun der sanitärer Kris diskutéiert. De Ministère seet, si kéinten den eenzelen Haiser näischt imposéieren an all Haus wär anescht. Trotzdeem misst déi Diskussioun weider gefouert ginn, fënnt de Paul Galles.

Paul Galles: Bei deenen engen huet et gutt geklappt, bei deenen aneren huet et net gutt geklappt. Déi eng sinn doriwwer natierlech zefridden, dass se net méi virgeschriwwe kruten. Déi aner soen, mir hätten eigentlech méi Recommandatioune gebraucht, fir ze wësse wat mer genau musse maachen. Et ass en Hin an Hier. Mir hunn awer déi Fro ëmmer erëm gestallt a mir wäerte se och weider stellen. An ech mengen déi bleift och virulent. An nächster Zäit muss een net méi strikt awer Reegele ginn, fir dass jidderee weess, wourun e sech soll halen.

Getest gëtt och weider an den Alters- a Fleegeheemer, systematesch speziell d'Personal. Sou kéint ee fréizäiteg de Virus erkennen a stoppen, ënnersträicht de Max Hahn.

Back to Top
CIM LOGO