
Bis Enn Oktober hunn am Ganzen 1.020 Mënschen international Protektioun zu Lëtzebuerg ugefrot gehat. Zejoert waren et der bannent där Zäit méi wéi duebel sou vill. D'Asyldemandeure komme virun allem aus Syrien, Eritrea, Iran, Albanien an aner Länner.

Fir dëst Joer goufe schonn 1.356 Decisioune geholl. 677 Mënsche kruten de Statut vum Refugié unerkannt, d'Hallschent also.
Dëst Joer goufen et 84 Retoure vu Lëtzebuerg erfort, dovu waren der 60 fräiwëlleg a 24 forcéiert.