
Ëm déi selwecht Zäit ass zu Diddeleng an der Route de Luxembourg en Automobilist mat sengem Gefier an e geparkten Auto gerannt a gouf dobäi blesséiert.
Méi fréi am Owend, géint 18 Auer, krute sech am Rond-point Raemerich zu Esch e Bus an en Auto ze paken. Eng Persoun gouf heibäi verwonnt.
Zwee Blesséierter gouf et da kuerz virun 18 Auer bei engem Accident mat zwee Autoen op der Streck tëscht Mensder a Beyren.
Geknuppt huet et dann och géint 17.15 Auer op der Rocade zu Bouneweg. Och hei sinn zwee Autoen net laanschtenee komm, woubäi zwou Persoune blesséiert goufen.
A kuerz viru 17 Auer gouf zu Keel e Vëlosfuerer vun engem Auto ugestouss an dobäi verwonnt.
E Samschdeg de Moie géint 10.10 Auer gouf et dann eng Kollisioun tëscht eng Auto an engem Moto, dat op der A4 tëscht Steebrécken an der Sortie Kockelscheier. Ënnert anerem war de Samu op der Plaz.