Dieschbourg: Keng Qualitéitsproblemer a Lëtzebuerger Schluechthaiser

© AFP (Archiv)
Et gouf Problemer bei engem Element vun der Veraarbechtungsketten vum Naturschutzfleesch, esou d'Ministesch Carole Dieschbourg.
Den Ëmweltministère huet en Dënschdeg de Moien an senger Äntwert op eng urgent parlamentaresch Fro vun den zwou CSV-Deputéierten Martine Hansen an Octavie Modert betount, et hätt een a kenger Hisiicht d'Intentioun gehat, de Lëtzebuerger Schluechthaiser Qualitéitsproblemer ze reprochéieren.
PDF: D'Äntwert vun der Ministesch
Déi zwou Deputéiert hate sech bei hire Froen op en Artikel am Lëtzebuerger Wort baséiert. Si hätten awer besser gehat, d'Äntwert vum Ministere op eng aner parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser als Source ze huelen, esou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Doran heescht et, dass mat kengem Lëtzebuerger Schluechthaus eng Léisung konnt fonnt ginn, fir dat ''gelabelt'' Naturschutzfleesch komplett ze verschaffen.
Am Paragraph drënner ass Rieds vu Qualitéits-, Kapazitéits- an Liwwerproblemer, wéinst deenen d'Schluechten an d'Verschaffen op Baaschtnech verluecht gouf. Domat hätt een awer net soe wëllen, dass et déi Problemer an de Schluechthaiser ginn hätt, esou d'Carole Dieschbourg. Et hätt Komplikatioune bei engem Element vun der Veraarbechtungskette ginn. Wou genee dat de Fall war, wollt de Ministère net soen.
RTL.lu: Fleeschskandal - Aussoe vu Ministesch sinn eng Frechheet, sou Cobolux-Direkter
RTL.lu: Tëscheruff vum Claude Zeimetz - Kontraproduktiv Salamitaktik beim Fleeschskandal