Verkéierskontroll zu Péiteng12 geriichtlech Protokoller, 45 Verwarnungen an e saiséierten Auto

RTL Lëtzebuerg
18 Polizisten hunn e Mëttwoch zesumme mat 12 Beamte vun der Douane eng gréisser Kontroll an der Avenue de l'Europe duerchgefouert.
© RTL

Bei dëser Kontroll goufen am Ganzen 12 geriichtlech Protokoller ausgestallt, 45 Verwarnungen an 8 Virfäll, wou eppes um Auto net an der Rei war. Een Auto gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.

Bei de Verwarnunge goufen et 27 Autoen, bei deenen de Controle Technique ofgelaf (145€ an 2 Punkten) war an a 16 Fäll gouf d’Steiervignette net bezuelt (74€).

Weider goufen et dann och Fäll, bei deene keng Versécherung konnt virgewise ginn oder wou d’Steiervignette no iwwer 60 Deeg net bezuelt gouf.

Back to Top
CIM LOGO