
Dat geet aus enger rezenter Statec-Publikatioun ervir, wou preziséiert gëtt, datt méi wéi an der Hallschent vun alle Fäll näischt geklaut gouf - an 2% vun allen Abréch war och Gewalt mat am Spill.
2/3 vun allen Abréch hunn Haiser viséiert, an engem Véierel vun de Fäll gouf z.B. an eng Garage agebrach.

De Statec stellt dann en direkte Lien fest tëscht Quartieren, wou et deklaréiert Drogen-, Vandalissem- oder Harcélements-Problemer a wou dann Abréch gemellt ginn; a 15% war dat de Fall.
Net eleng d’Quartiere spillen awer an den Abroch-Statistiken eng Roll, ma och wou am Land ee wunnt: sou ginn an de Kantoner Stad a Réimech mat 10% an 8% déi meescht Abréch deklaréiert; manner betraff sinn d’Nord-Kantoner.

Interessant ze notéieren ass, datt 37% vun de Stéit, déi agebrach kruten, e finanzielle Schued haten, dee se net vun enger Assurance rembourséiert kruten.
Wann d’Leit gefrot ginn, wat den Abroch emotionell mat hinne gemaach huet, sou soten déi meescht, datt si e Vertrauensverloscht erlieft hätten, gekoppelt un e Gefill vun Onsécherheet an Vulnerabilitéit.
Wat d’Zefriddenheet mat der Police-Aarbecht ugeet, nodeems en Abroch deklaréiert ginn ass, soen en Drëttel vun de concernéierte Leit, datt se zefridde mat der Police wieren, all Fënnefte war dat net a souguer 15% vun de gefrote Leit ware komplett onzefridden.
