Ronn 140 Journalisten a Journalistinnen aus der geschriwwener Press, dem Radio an den audiovisuelle Medie waren zesummekomm, fir de Centenaire vun der ALJP ze feieren, ënner anerem och a Presenz vum Premier- a Medieminister Luc Frieden an der delegéierter Medieministesch Elisabeth Margue. Nieft dem offiziellen Deel hat d'Journalistenassociatioun dann och eng Expo op d'Bee gestallt, déi 100 Joer Lëtzebuerger Journalismus beliicht.
Wéi sech dësen an deene leschte Joerzéngten entwéckelt huet, ma och wéi déi klassesch Medien haut bei de Leit ukommen, huet ënner anerem de Roger Infalt, fréiere President vun der ALJP an dem Presserot, materlieft. Et wier hautdesdaags virun allem eng gewësse Medieskepsis do, géint déi d'Journalisten ukämpfe missten:
"Also an der Zäit war et esou, datt et ëmmer geheescht huet, wat an der Zeitung steet, dat stëmmt an ech menge mir wëllen dat haut och nach ëmmer soen. Mee mir hunn awer eng Konkurrenz, déi eis heiansdo dohinner stellt, als wann mir d'Lügenpresse wieren oder wat och ëmmer, an do ass eng gewësse Medieskepsis bei de Leit dobaussen entstanen. An dat ass e bëssen dat, géint dat mer mussen haut leider ukämpfen als traditionell Beruffsjournalisten. Dat hate mer fréier net", sou de Roger Infalt.
E weidere wichtege Punkt bleift d'Informatiounszougangsrecht, fir dat een zanter 20 Joer kämpfe géing an dat deemnächst gesetzlech soll verankert ginn. Fir de Roger Infalt wier een hei op enger "Zielgeraden, wann et och nach net grad esou sprochräif ass, wéi mer dat gären hätten. Awer ech mengen, wa mer dat bis hunn, wa mer och mol endlech als Journalisten un Dokumenter, Informatioune kommen, déi mer brauche fir eis Aarbecht, da kënnt dat Wuert Pressefräiheet erëm, kritt dat eng ganz aner Konnotatioun".
Mam entspriechende Gesetzestext huet sech och den ALJP-President Sidney Wiltgen auserneegesat, deen et grondsätzlech wichteg fënnt, "datt d'Recht op Informatiounen elo e gesetzleche Kader kritt", ma trotzdeem e bësse skeptesch bleift: "Elo läit emol en Text vir, mir sinn net 100% domadder zefridden, mir si Journalisten, mir fannen ëmmer eppes ze kritiséieren, notamment sinn d'Ausnamen, opgrond vun deenen eis eng Informatioun ka virenthale ginn, relativ wäit gefaasst an och vag formuléiert, soudass mer do awer schonn nach e bësse skeptesch sinn, ob dat herno esou an der Praxis wäert ëmgesat ginn, wéi mir eis dat och wierklech virstellen".
Besonnesch déi sougenannt SLAPP-Kloen, also Kloen, déi dorobber ofzilen, Journalisten anzeschüchteren, géingen zu de wichtegste Chantiere gehéieren. An och kënschtlech Intelligenz gesäit den Tageblatt-Journalist als Erausfuerderung fir d'Zukunft:
"Mëttlerweil mierkt ee jo wéi schnell déi Entwécklung elo an de leschte Jore gaangen ass, do ginn net méi nëmmen Texter generéiert, mee effektiv och Bild - a Videomaterial, domadder musse mer eis ganz kritesch auserneesetzen, d'Konsequenze wéi wäit dat wäert goen, sinn am Moment nach net konkreet ofzeschätzen, awer och net ze ënnerschätzen op alle Fall, an dat ass wierklech och e Punkt, wou mer mussen um Ball bleiwen an den nächste Joren."