"Et kann een net a Wierder faassen, wat ee gesinn huet"120 Jonker hu mat den Temoins de la 2ème génération Auschwitz besicht

Diana Hoffmann
E Grupp vun 120 Jugendlecher ass mat den Témoins de la 2ième Génération a Polen gereest, wou si d'Konzentratiounslager Auschwitz I a Birkenau besicht hunn.
120 Jonker hu mat den Temoins de la 2ème génération Auschwitz besicht
E Grupp vun 120 Jugendlecher ass mat den Témoins de la 2ième Génération a Polen gereest, wou si d’Konzentratiounslager Auschwitz I a Birkenau besicht hunn.

Et sinn Impressiounen, déi déi Jonk esoubal net wäerte vergiessen. “Et kann een net a Wierder faassen, wat een do alles gesinn huet”, seet d’Chiara aus dem Lycée Michel Rodange. Hat bräicht elo Mol Zäit, fir dat ze verschaffen.

Jidderee kennt d’Fotoe vum Konzentratiouns- a Vernichtungslager zu Auschwitz aus dem Geschichtsbuch. Mä den Androck op der Plaz ass nach eng Kéier eppes ganz aneres. “Wat mech markéiert huet ass, dass Mënscherechter, Toleranz an Diversitéit an där Zäit net respektéiert gi sinn”, betount den Tommy. Dowéinst fënnt hien et wichteg, dass ee sech asetzt, dass dës Wäerter eng wichteg Roll an der Gesellschaft spillen.

120 Jugendlecher hunn Auschwitz besicht / Diana Hoffmann

Et ass genau dat, wat d’Temoins de la 2ième génération wëlle mat dëser Rees bezwecken. Deene jonke Leit dat grausaamt Kapitel aus der Geschicht méi no bréngen an zum Nodenken ureegen. Fir d'27. Kéier ass d’Rees a Polen elo schonn organiséiert ginn. Déi éischt Kéier 1997 op Initiativ vum Europadeputéierten Charles Goerens, deen dës am Kader vum Europäesche Joer géint de Rassismus organiséiert hat. D’Associatioun huet sech zanterhier zum Zil gesat, géint Intoleranz, Rassismus, Xenophobie an Antisemitismus ze kämpfen.

“Engersäits geet et ëm d’Sensibiliséierung vun der Memoire Shoah. Anersäits awer och dorëmmer, déi Jonk staark ze maachen, sech fir Mënscherechter a géint Diskriminatioun anzesetzen”, seet d’Kim Schortgen vum Comité vun den Témoins de la 2ième génération.

De Sujet géing esou bei deene Jonken ëmmer op groussen Interessi stoussen, huet den Yves Berna, Enseignant am Lycée Michel Rodange, ënnerstrach. Hinnen d’Thematik am ausserschoulesche Beräich méi no ze bréngen, wier awer nach eng Kéier eng ganz aner Saach. Hie gesäit d’Aufgab vun der Schoul doranner, och d’Aktualitéit unzeschwätzen an ze kontextualiséieren. Net just d’Thema Antisemitismus, mä allgemeng och d’Toleranz tëscht de Reliounen a géigeniwwer Minoritéiten.

Rezent Entwécklunge wéi Kricher a Länner, déi politesch méi no un d’Extremer souwuel Lénks wéi och Riets rëtschen, maachen de Schüler Suergen. Et misst een d’Thematik beschwätzen a kucken, Léisungen ze fannen, huet ee vun hinne gemengt. Op d’Fro un ee vun de Schüler, ob hie sech kéint virstellen, dass sech eppes esou Schlëmmes wéi Auschwitz kéint widderhuelen, seet hien: “Et kann een net ausschléissen. Ech hoffen, dat wäert net geschéien. Mä Mënsche sinn zu zimmlech vill capabel”.

Back to Top
CIM LOGO