Déi weltwäit Pëtrolskris ass een Deel vum kuriéisen Iran-Konflikt, deen all Geopolitiker viraus gesot hat, deen awer Washington an Tel Aviv net dovun ofgehalen hat sech eranzestierzen. De Präis klëmmt an et wäert daueren, bis dass d’Interventioun vun der Internationaler Energie Agence fir 400 Millioune Barrel op de Maart ze brénge ka gräifen. D’Ukënnegung vum Donald Trump fir d’Pëtrolssanktioune géint Russland opzehiewen, stéisst international op Kapprëselen, well et den Ukrainkrich verlängert an dem Wladimir Putin an de Krom spillt.
Mee och politesch zeechent de Krich eng Tendenz zu Washington of, verluer ze goen. De Regimmwiessel huet net funktionéiert. De fréiere Kommandant vun de Revolutiounsgarden, de sougenannten Hardliner Mohsen Rezaei, gëtt neie militäresche Beroder zu Teheran. Politesch ass et fir Washington en Echec, well d’Bombardementer vun zivillen Ziler zu Teheran an anerwäerts net méi kënne verkaf ginn als sougenannt Befreiung vum iranesche Vollek. Grad wéi och doheem an den USA, wou kuerz virun de Walen am November keen e Krich wëll, aus deem een erëm eng Kéier net erauskënnt an deen d’Amerikaner am Fong net interesséiert, well vun Iran keng Gefor ausgeet. Zemools well de President an de 17 Deeg Krich och an zéng Tweets behaapt huet, Iran wier zerstéiert. An dann elo awer international no Hëllef freet, well een an der Strooss vun Hormuz awer net eens gëtt. D’Wäisst Haus probéiert elo aus der Aventure eng NATO-Missioun ze maachen.
Israel klëmmt iwwerdeems ëmmer méi an eng Libanon-Offensiv eran, déi och vun de Biller hir staark un de Modus operandi an der Gazasträif erënnert a wou keen Ënnerscheed méi gemaach gëtt tëscht presuméierten Hisbollah-Milizen an Zivilisten. Am Süde vum Land gouf e Sonndeg e Spidol bombardéiert, wou 12 Medezinner ëm d’Liewe koumen. D’Afferzuel zanter dem 2. Mäerz a Libanon ass mëttlerweil op 850 geklommen.