Philip Crowther iwwer d'Strooss vun Hormus"Et ass bal komplette Stëllstand hei"

Frank Goetz
Kevin Kayser
Den RTL-Korrespondent, deen aktuell an der Regioun ass, gesäit honnerte vu Schëffer, déi waarden, fir d'Mierenk passéieren ze kënnen.
Situatioun bei der Strooss vun Hormus: "Et ass bal komplette Stëllstand hei"
Den RTL-Korrespondent, deen aktuell an der Regioun ass, gesäit honnerte vu Schëffer, déi waarden, fir d’Mierengt passéieren ze kënnen.

Den RTL-Korrespondent Philip Crowther ass aktuell op der Plaz a quasi direkt virun der Strooss vun Hormus, der bekannter Mierengt, déi de persesche Golf mam Golf vum Oman verbënnt an tëscht dem Iran an dem Oman läit. Et ass eng wichteg Route, fir den Transport vum Pëtrol, ma aktuell, seet de Journalist live vun der Plaz, “ass bal komplette Stëllstand”.

Honnerte Schëffer traue sech net duerch d’Mieresstrooss

Wann een nuets erauskuckt, gesäit een d’Luuchte vun den Dosende Schëffer, “gréisstendeels Pëtrolstanker”, déi waarden, fir kënnen duerch dës Mierengt ze fueren, fir an de persesche Golf ze kommen. An deem Golf waarden dann honnerte Schëffer, fir eben de Pëtrol kënnen aus der Regioun ze exportéieren. Si waarden aktuell, well se Angscht hunn. An net just d’Personal u Bord vun de Schëffer.

Déi, déi d’Decisiounen huelen, dat sinn d’Pëtrolsfirmen, d’Transportfirmaen, mä och d’Assurancëfirmaen, deenen hir Präisser immens an d’Luucht ginn. Et ass fir si all ze riskant, fir esou e Passage duerch dës Mieresstrooss iwwerhaapt ze probéieren.

An déi Angscht ass och berechtegt, wéi de Philip Crowther erkläert. Well den Iran huet annoncéiert, all Schëff, dat e Lien mat den USA oder sengen Alliéierten huet, géif ugegraff ginn, wa si probéieren, duerch d’Strooss vun Hormus ze fueren. “Dowéinst eben de Stëllstand hei”.

Ausnam sinn déi iranesch Schëffer, déi iranesche Pëtrol u Bord hunn. “Déi kommen eraus an déi wäit Welt,” esou de Korrespondent. Dobäi kommen och nach Schëffer, déi a Richtung China oder Indien fueren. “Soss leeft hei ganz wéineg”.

All d’Golfstaate vum Iran viséiert

Mam Bléck op déi iranesch Attacken, seet de Philip Crowther, datt net ee Golfstaat verschount gëtt. Den Iran gräift als Géigereaktioun op d’Attacke vun den USA an Israel all eenzele Golfstaat un. “Hei ginn Dosenden Dronen an all Golfstaat geschéckt... All Dag. Sief et Saudi-Arabien, de Bahrain, Katar an och hei an de Vereenten Arabeschen Emirater.” Trotz der staarker Loftofwier packt et awer ëmmer nees eng Dron oder eng Rakéit, déi duerchkënnt. Esou och e Méindeg de Moien um Fluchhafen zu Dubai, wou e Pëtrolsdepot getraff gouf. Dowéinst gouf et um passagéierräichste Fluchhafen op der Welt och e Fluchstopp vu ville Stonnen.

Dëst weist dann och, datt net just d’Plazen, déi eppes mam US-Militär ze dinn hunn, vun iraneschen Attacke getraff ginn. An och e Pëtrolsdepot an de Vereenegten Arabeschen Emirater a just e puer Kilometer vun do ewech, wou de Philip Crowther grad ass, gouf um Méindeg eng zweete Kéier getraff. “Et gesäit een, datt den Iran weess, wou et wéi deet. An den Iran wëll de Golfstaate wéidoen an hirem Haaptbusiness”. Dowéinst viséiert een de Pëtrolshandel a mécht domadder och d’Reputatioun vun dëse Länner als sécher Vakanzendestinatioune futti.

Pläng vun USA wäerten net séier ëmsetzbar sinn

Den RTL-Korrespondent ass sech awer sécher, datt d’Pläng vum US-President, fir d’Strooss vun Hormus nees opzemaachen, net esou séier wäerten ëmgesat ginn. Déi bal total Blockad hat d’Administratioun an den USA dann awer iwwerrascht. “Dat hat een dem Iran net zougetraut”. An elo wëll een déi Mierengt nees opkréien.

D’Iddi vun den USA, datt Krichsschëffer aus anere Länner d’Tankeren duerch d’Strooss vun Hormus begleeden a beschützen, ass net wierklech gutt opgeholl gi vun deene Länner, déi den Donald Trump genannt huet. Wärend déi asiatesch Länner Südkorea, Japan a China bis ewell wéineg dozou gesot hunn, ass d’Loscht bei den Europäer och net ze grouss. Well d’USA an Israel féieren hei e Krich, “bei deenen d’Europäer souwisou net wollte matmaachen”. An trotz de Warnungen aus Europa, hunn d’USA an Israel dëse Krich ugefaangen. An och den europäesche Länner ass dës Missioun an dës Plaz vill ze geféierlech. “Well den Iran seet weiderhin, datt si dach all d’Schëffer wéilten ugräifen, déi iergendwéi probéieren, duerch dës blockéiert Strooss vun Hormus ze kommen”, esou de Fazit vum Philip Crowther.

Weider Artikelen zu deem Theema

Back to Top
CIM LOGO