Luxair deelt matVéier Flich tëscht Lëtzebuerg a Berlin um Mëttwoch wéinst Streik ofgesot

RTL mat AFP
Wéinst engem Streik um Berliner Fluchhafe goufen e Mëttwoch véier Luxair-Flich tëscht Lëtzebuerg an der däitscher Haaptstad annuléiert.
Wéinst engem Streik goufen all Passagéier-Flich e Mëttwoch annuléiert.
Wéinst engem Streik goufen all Passagéier-Flich e Mëttwoch annuléiert.
© STEPHANE MOUCHMOUCHE/Hans Lucas via AFP

Wéi Luxair en Dënschdeg matdeelt, gi wéinst dem Streik um Berliner Fluchhafen e Mëttwoch véier Vollen tëscht dem Findel an der däitscher Haaptstad annuléiert. Betraff sinn zwee Flich vu Lëtzebuerg op Berlin – LG9471 an LG9473 – an zwee Volle vu Berlin op Lëtzebuerg – LG9472 an LG9474.

Luxair deelt an engem Communiqué mat, datt all betraffe Passagéier géinge kontaktéiert ginn an “alternativ Léisungen” ugebuede kréichen. Zur Zäit vun der Matdeelung stinn d’Flich um Site vu Luxairport awer nach als geplangt.

Nodeems d’Gewerkschaft Verdi fir de ganzen Dag zu engem Warnstreik opgeruff hat, hunn d’Bedreiwer vum Berliner Fluchhafen de Passagéier-Fluchbetrib komplett gestoppt. Betraff wiere 445 Departen a Landunge mat ronn 57.000 Passagéier, heescht et vun der Fluchhafegesellschaft Berlin-Brandenburg.

Verdi verhandelt mat de Bedreiwer iwwer méi Sue fir déi ronn 2.000 Mataarbechter. De Fluchhafen hat an der zweeter Verhandlungsronn mat der Gewerkschaft eng Lounerhéijung an e puer Schrëtt bei enger Lafzäit bis Enn 2028 ugebueden.

Deemno soll et bis Juni eng Nullronn ginn, dono dann e Plus vun 1 Prozent vu Juli 2026 un, 1,5 Prozent vu Juli 2027 un an e weidere Prozent vu Mee 2028 un. “Dat ass keng seriö Offer, mä eng Provokatioun um Verhandlungsdësch”, sou e Spriecher vu Verdi.

Déi nächst Verhandlungsronn ass fir de 25. Mäerz ugesat.

Back to Top
CIM LOGO