Sécherung vu Strooss vun HormusTrump reprochéiert Länner Manktem un Hëllefsbereetschaft

AFP, iwwersat vun RTL
Den US-President mécht Drock op d'Länner, déi sech bis ewell nach net zu enger Participatioun um Asaz an der Strooss vun Hormus geäussert hunn, respektiv déi schonn ofgesot hunn.
Im Iran-Krieg hat US-Präsident Donald Trump einer Reihe von Ländern mangelnde Hilfsbereitschaft in der Straße von Hormus vorgeworfen. Einige hätten "nicht besonders begeistert" auf seine Forderung nach einem Nato-Einsatz reagiert.
Den Donald Trump wëll déi wichteg Mieresstrooss vun Hormus sécheren. Dat mat der Hëllef vun der Nato an aneren Alliéierten.
© AFP

Am Iran-Krich huet den US-President Trump Nato-Partner wéi Groussbritannien e Manktem un Hëllefsbereetschaft an der Strooss vun Hormus reprochéiert. Verschiddener hätten “net besonnesch begeeschtert” op seng Fuerderung no engem Nato-Asaz fir d’Séchere vun der Mieresstrooss reagéiert, sot den Trump e Méindeg zu Washington. Däitschland huet hien zwar net genannt, ma de Bundeskanzler Merz an de Verdeedegungsminister Pistorius hu scho betount, datt Däitschland sech “militäresch” net wäert abréngen.

Weider sot den US-President, hie wier “net glécklecht” mat der Ofso vum brittesche Premier Keir Starmer gewiescht. Trotzdeem géing hien hoffen, datt sech Groussbritannien “vläicht” um Asaz an der Strooss vun Hormus bedeelege wäert.

D’Reaktioun vum franséische President Macron huet den US-President als “net perfekt” agestuuft, si wier awer eng aacht op enger Skala vun zéng. “Ech denken, hie wäert hëllefen”, esou den Trump iwwer de Macron.

Däitschland huet hien net mam Numm genannt. Hie sot, ënner de Kritiker vu senger Propos wiere Staaten, déi vun den USA zanter Joerzéngte beschützt géinge ginn an an deenen Zéngdausenden US-Zaldote stationéiert wieren. An der Bundesrepublik ass de gréisste Kontingent vun US-Zaldoten an Europa stationéiert. D’Bundesregierung huet eng militäresch Bedeelegung un esou engem Asaz ausgeschloss. “Et ass net eise Krich, mir hunn en net ugefaangen”, sot den däitsche Bundesverdeedegungsminister Boris Pistorius. Et géing deemno keng “militäresch Bedeelegung” ginn. Och den däitsche Bundeskanzler Merz huet betount, datt d’USA an Israel “eis virum Krich och net consultéiert hunn”. Deemno géing sech d’Fro och net stellen, “wéi sech Däitschland hei militäresch abréngt. Mir wäerten et net maachen.” Och d’Aussoe vum Donald Trump, datt en Nato-Asaz zu Hormus néideg wier, huet Däitschland zréckgewisen.

Den Donald Trump hat an engem Interview, deen e Sonndeg publizéiert gouf, d’Ënnerstëtzung vun Alliéierten an der Strooss vun Hormus gefuerdert. Géing dës net kommen, wier dat dem US-President no “ganz schlecht fir d’Zukunft vun der Nato”. D’US-Regierung hätt d’Ukrain an hirem Krich géint Russland ënnerstëtzt. Hie géing dowéinst Hëllef vun den europäeschen Alliéierte vu Washington an der Strooss vun Hormus gefrot, duerch déi eng grouss Quantitéit u weltwäitem Pëtrol a Gas fléisst an aktuell vum Iran blockéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO