
De Cortège ass friddlech vum Glacis bis op d’Place de l’Europe gaangen.
D’Organisateuren vun der Aktioun fuerderen, datt d’EU Memberlänner wirtschaftlech an diplomatesch Relatioune mam Iran ofbriechen. Si soen och d’Europäesch Unioun, mä och d’Lëtzebuerger Regierung misst méi maachen. D’Regierung hätt zwar gudde Wëllen, mä dat eleng géif net méi duer goen. Elo wiere konkret Aktioune gefrot.