Alkoholkontrollen123 Chauffere goufe kontrolléiert, 8 haten eppes gedronk

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet d'Police tëscht 20 Auer an 0.30 Auer moies op Uerder vum Parquet Alkoholkontrollen duerchgefouert.

Kontrolléiert goufen d'Automobilisten zu Hesper an der Rue de Gasperich, an der Stad op der Place François-Joseph Dargent an an der Route de Longwy.

Am Ganzen hunn 123 Persoune misse blosen, 8 Mol ass den Alkoholtest positiv ausgefall. Et goufe 4 Verwarnungen a 4 Protokoller, Permis gouf keen agezunn.

Op der N7 gouf de Beamte vun der Police en Autofuerer gemellt, deen am Zick Zack ënnerwee war. Zu Wuelessen konnt hie gestoppt ginn. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, de Fürerschäin war op der Plaz fort.

Drogekonsum a Fuerverbuet

Am Garer Quartier hunn d'Beamte vun der Police e Mëttwoch géint 17.40 e Gefier op enger Liwwer-Parkplaz kontrolléiert. Fuerer a Bäifuerer haten Droge consomméiert. Weider koum bei den Ermëttlungen eraus, dass den Automobilist trotz Fuerverbuet mam Auto ënnerwee war. Hie gouf protokolléiert, den Auto gouf saiséiert.

Accidenter

Um CR110 ass e belsche Motocyclist e Mëttwoch a Richtung Klengbetten mat senger Maschinn gefall. Hie gouf op der Plaz versuergt a koum duerno an d'Spidol.

Géint 22.45 Auer e Mëttwoch den Owend huet en Automobilist um CR105 d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer, wéi hie Wëld ausgewach ass. Dobäi huet de Chauffer 3 Beem ze pake kritt. Hie konnt selwer aus dem Auto erausklammen a koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Back to Top
CIM LOGO