Op 3 Plazen an der Stad123 Chauffere kontrolléiert, 8 Tester positiv, 2 Fürerschäiner agezunn
RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Méindeg goufen et op e puer Plazen an der Stad Alkoholkontrollen.
Update: 08.12.2025 13:50
Tëscht 23 Auer an 0.30 Auer hunn 123 Chauffere misse blosen. Kontrolléiert gouf op der Beggener Strooss, der Escher Strooss an um Boulevard Patton. An 8 Fäll war den Test positiv. Zwee Permise goufen agezunn.