
Wéi aus dem Bilan vun der Chamber ervir geet, gouf bal 300 Stonne laang an der Plenière diskutéiert, woubäi 137 Gesetzesprojete gestëmmt goufen. Alles an allem goufe knapp 1.900 parlamentaresch Froe gestallt. D’Chamberkommissioune souze gutt 750 Mol beieneen. Déi meeschte Reuniounen hat dovun déi parlamentaresch Aussen-, Kooperatiouns- an Immigratiounskommissioun.
Dee längsten ëffentlechen Debat an der Chamber huet gutt 7 an eng hallef Stonn gedauert.