
A 14 Fäll haten d'Chaufferen déi maximal erlaabte Vitess iwwerschratt. Ee vun hinne gouf mat 140 km/h amplaz den erlaabten 90 km/h erwëscht. Hie war de Permis op der Plaz lass. De selwechten Owend hunn 2 aner Persounen hire Fürerschäi missen ofginn. Bei béiden ass den Alkoholtest positiv ausgefall.
E Freideg de Moien huet d'Police Kontrollen am Kader vun der Campagne "Wanterzäit" duerchgefouert. Hei goufen eng 11 Verstéiss notéiert. 9 Mol, well Chaufferen den Handy wärend der Faart benotzt hunn, an 2 Mol, well d'Automobiliste sech net ugestréckt haten. Wéi am Police-Bulletin ze liesen ass, krute si alleguerten en Avertissement taxé.