Déi lescht Woch145 Leit kruten een Avertissement taxé wéinst Net-Anhale vu Mesuren

RTL Lëtzebuerg
D'Hallschent dovunner ware Persounen, déi sech net un d'Ausgangsspär gehalen hunn.

D'lescht Woch huet d'Police eng 400 Kontrollen am Coronakontext duerchgefouert. Am Fokus vun dëse Kontrolle stoung de Couvre-feu tëscht 23 Auer owes a 6 Auer moies, wéi och de Respekt vun de sanitäre Reegelen an Akafszentren.

Ronn 145 Persoune kruten en Avertissement taxé, ëm 50% vun hinne waren trotz Ausgangsspär ënnerwee.

Donieft goufen 9 Protokoller geschriwwen, well sech ënnert anerem ze vill Leit am private Beräich oder bei sportleche Veranstaltunge getraff hunn.

Back to Top
CIM LOGO