Campagne "Wanterzäit"147 Verstéiss un Autoe bei Kontrollen am November constatéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet rezent Kontrollen am Kader vun der Campagne "Wanterzäit" gemaach.
© RTL Archiv

Dat zu Dikrech, Ettelbréck, Bruch, Briddel, Bäreldeng, Dummeldeng a Gréiwemaacher. Ënner anerem goufe Luuchten, Pneuen an den allgemengen techneschen Zoustand vu Gefierer ënnert d’Lupp geholl.

15 Mol gouf wéinst de genannte Punkte protokolléiert. Am Ganze goufen 147 Verstéiss constatéiert. 32 Autoen hate keng valabel Vignette. 36 Gefierer hate keng technesch Kontroll. Dozou koumen nach eng ganz Partie aner Verstéiss géint de Code de la Route. 30 Mol hate Chaufferen zum Beispill de Winker net benotzt.

Back to Top
CIM LOGO