
Dat deelt d’Klimaagence mat. Am ganze kruten 58 Gemengen aus Däitschland, Frankräich, Liechtenstein, Lëtzebuerg, Éisträich an der Schwäiz déi Auszeechnung fir hiren Engagement am Klimaschutz.
Gold kritt eng Gemeng dann, wa se méi ewéi 75 Prozent vun de méigleche Mesuren ëmgesat huet fir de Klimaschutz an d’Energieeffizienz ze steigeren. Zu de 15 ausgezeechente lëtzebuergesche Gemenge gehéieren nieft der Stad Lëtzebuerg ënnert anerem och Esch-Uelzecht, Biekerech, Clierf a Wolz.