No Faillite 201815 Salariéeë vun der „ABLV Bank Luxembourg“ kréie Sozialplang

RTL Lëtzebuerg
D’Lëtzebuerger Filial vun der lettescher Bank war zanter Juli d’lescht Joer a Liquidatioun, dat, nodeems d’Mammenhaus am Februar 2018 Faillite gemaach hat.
© RTL Archiv

Wéi Paperjam.lu schreift, géingen déi 15 Mataarbechter vun der „ABLV Bank Luxembourg“ e Sozialplang kréien. D'Ofwécklung vun där Faillite an d'Konsequenzen op d'Lëtzebuerger Filial waren en éischten Test fir déi nei europäesch Ofwécklungsmechanismen am Zesummenhang mat der Bankenunioun.

RTL-Artikel: Schlecht Zäite fir lettesch ABLV-Bank um Boulevard Royal

Back to Top
CIM LOGO