
D’Gardiene sinn awer och fir d’Gerance vun der Struktur responsabel a musse garantéieren, datt d’intern Reegele vum Haus agehalen ginn. Do dernieft gëtt d’Hygiène bannent de Strukture fir Demandeurs d’Asyl iwwerwaacht, et geschéien technesch Kontrollen an d’Sécherheet gëtt iwwerpréift.
150 Leit Security-Personal sinn duerfir am Asaz, wat ronn 2 Gardienen pro Struktur an der Moyenne ausmécht. Déi meescht Gardiene ginn et an enger ONA-Struktur um Kierchbierg, wou 16 Gardiene fir 900 Leit disponibel sinn. Dës Zuelen liwwert den Immigratiouns- an Asyl-Minister Jean Asselborn op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum Piraten-Deputéierte Sven Clement.
Op eiser Antenne waren et ënnert anerem Caritas-Responsabeler, déi kritiséiert haten, datt zanter Mëtt Februar och Sozialaarbechter vun hirer ASBL géife vun de Gardiene repertoriéiert ginn. Den ONA huet deemools op gängeg Prozedure verwisen, déi ënnert anerem wéinst der Sécherheet missten agehale ginn.
Dëst confirméiert de Minister Asselborn och a senger Äntwert op eng weider parlamentaresch Fro vun der Deputéiert Nathalie Oberweis vun Déi Lénk. Wéi et heescht, géifen ouni Ausnam all Persounen notéiert ginn, déi an Accueil-Strukturen eran- an erausginn.