Police-Kontrollen150 Persoune waren ouni Erlabnis wärend der Ausgangsspär ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Bannent der leschter Woch huet d'Police ronn 310 Kontrollen am Kader vun de Covid-19-Mesuren duerchgefouert.

Konzentréiert gouf sech virun allem op d'Anhale vun der Ausgangsspär no 23 Auer oder ob d'sanitär Konzepter an de Butteker respektéiert goufen.

8 Protokoller goufen et lescht Woch wéinst private Partyen oder well Caféë sech net un d'Restriktioune gehalen hunn.

Donieft hunn ëm 150 Leit missten an d'Täsch gräifen, well se trotz Couvre-feu dobaussen ënnerwee waren. Dat war ënnert anerem zu Esch/Uelzecht an der Rue Brill de Fall, 9 Persoune goufen hei erwëscht.

Och an Zukunft a wärend de Feierdeeg wäerte weider Kontrollen duerchgefouert ginn. Donieft mécht d'Police den Appell un d'Bierger, dass d'Verbreedung vum Virus just kann agedämmt ginn, wa jidderee sech solidaresch weist a verantwortungsvoll handelt.

Back to Top
CIM LOGO