
Eng ganz Partie Leit géingen elo schonn um Terrain feelen, well si entweder selwer positiv getest goufen oder Kontakt mat enger infizéierter Persoun haten. Och am Nordspidol sinn aktuell 16 Leit positiv getest an 13 weider Persoune sinn a Quarantän.
Dowéinst misst ee sech elo intern reorganiséieren, fir d'Absencen ze kompenséieren. D'Visitte wieren den Ament awer weider erlaabt, heescht et aus dem ChdN. Et wier awer wichteg, dass d'Leit sech registréieren, fir dass den Tracage effikass ka gemaach ginn, wann néideg. D'Statioun fir Covid-Patiente wier dann och reaktivéiert ginn. Dat wieren 30 Better.
D'Situatioun an de Spideeler ass also ugespaant. Aus dem ChdN ass et dann och den Appell, fir zum Beispill Rendez-vousen online ze huelen an nëmmen an d'Spidol ze kommen, wann et néideg ass. Et hätt ee sech zanter dem Fréijoer organiséiert, fir d'Covid-Patiente vun den Net-Covid-Patienten ze trennen. Den Triage-System géing gutt fonctionéieren, sou dass jiddereen ouni Bedenken an d'Urgence kéint goen.