Police16 Verstéiss bei Policekontroll am Oste festgestallt

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg de Moie bei Mäertert hat d'Police eng gréisser Autoskontroll. Wéinst verschiddenen Delikter hunn d'Chauffere misste bezuelen.

Direkt 7 Leit hu missten an d'Täsch gräifen, well hir Fënsteren net propper genuch waren, de Schnéi also nach d'Siicht beaflosst huet. Dëst huet si 74 Euro kascht.

En Automobilist hat e Foussgänger net iwwert den Zebrasträife gelooss, wat hien 145 Euro an 2 Punkte kascht huet. Véier Chauffere hu mam Handy hantéiert, wéi si ënnerwee waren, an hunn de selwechte Präis misste bezuelen. An och 145 Euro an zwee Punkten hunn zwee Leit bezuelt, déi hire Sécherheetsgurt net unhaten.

24 Euro hunn dann zwou Persoune bezuelt, déi keng gëlteg Versécherung dobäi haten.

Back to Top
CIM LOGO