SIDOR stellt Bilan vir163.000 Tonnen Offall am Joer 2022

RTL Lëtzebuerg
D’Verbrennungsanlag zu Leideleng leeft 24 Stonnen op 7 Deeg. Pro Stonn kënnen eng 20 Tonne Knascht verbrannt ginn.
© Sabrina Backes / RTL

Zejoert sinn an der Anlag zu Leideleng iwwer 163.000 Tonnen Offall zesummekomm. Dovunner kommen eleng 128.000 Tonne vun de SIDOR-Gemengen aus de Kantone Lëtzebuerg, Esch a Kapellen. Beim Offall, deen hei beieneekënnt, ënnerscheet een tëscht dem Contenu aus de schwaarze Poubellë vun de Stéit, Sperrmüll a Reschtoffall vu Betriber.

Wann ee sech sou ukuckt, wat déi iwwer 100 Camionen den Dag u Knascht matbréngen, dann ass villes dobäi wat u sech guer net hätt missen do landen. Dat weist och eng Analys déi zejoert de Reschtoffall vun de Stéit ënner d’Lupp geholl huet. De Stater Schäffen a President vum SIDOR Patrick Goldschmidt:

“Wat hei lo wichteg ass als Message, mir hunn nach 30 Prozent Bio-Offall, dat heescht wa mer et géinge fäerdeg bréngen an der Kommunikatioun oder och souwuel um Gemengenniveau ewéi och mir vum SIDOR, dass et méiglech ass, deen Dreck nach erof ze kréien, also dee Reschtoffall. Dann ass et haaptsächlech emol de Biomüll, dat sinn 30 Prozent awer och de Pabeier/Kartong bei 16 Prozent an de Plastik bei 15 Prozent.”

Deemno kéint de Reschtoffall nach ëm iwwer d’Hallschent reduzéiert ginn, wat awer nëmme geet, wann och méi recycléiert a kompostéiert géing ginn.

Wann de Knascht da bis verbrannt ass, ginn d’Schlaken, zejoert waren et iwwer 28.000 Tonnen, an Däitschland gefouert. Hei kënne se weider am Stroossebau verwäert ginn.

A Punkto Emissioune betount e en beim SIDOR, datt een hei wäit ënner den autoriséierte Grenzwäerter leie géing. Déi Hëtzt, déi beim Verbrennen entsteet, kéint och weider verwäert ginn:

“Mir produzéieren och vill mat deem, wat mer verbrennen. De Bedreiwer vun der Anlag weist 91.500 MWh elektresch Energie an den Enovos-Reseau. Domat kréie mer d’Besoine vun 33.000 Stéit hei am Land gedeckt. Dat sinn op mannst 10 Prozent, wann ee seet an engem Stot sinn 2 Persounen.”

Iwwerdeems kéint déi thermesch Energie genotzt ginn, fir iwwer 3.000 Stéit ze hëtzen.

Fir datt d’Emissiounen awer weiderhi kënnen op engem niddregen Niveau gehale ginn, wier et wichteg, datt Technologien och weiderhin um neiste Stand bleiwen. Dofir géingen a nächster Zäit ronn 17 Milliounen Euro zu Leideleng a Moderniséierungsaarbechten investéiert ginn.

PISA - De Wëssensmagazin “Op de Spuere vun eisem Offall” - (Februar 2022)

Back to Top
CIM LOGO