Op der PompelEng liicht Baisse beim Diesel a beim Masutt

RTL Lëtzebuerg
Nodeems d'Präisser déi lescht Zäit an ëmmer nei Héichte geklomme sinn, gëtt et vun e Freideg un zur Ofwiesslung och emol eng Baisse.
© Domingos Oliveira

Den Diesel an den 10 ppm Masutt gi vu Mëtternuecht u méi bëlleg. Beim Diesel ass et eng Baisse vun 3,6 Cent de Liter, deen dann nach 2,021 Euro kascht. Beim 10 ppm Masutt muss ee vun e Freideg u genee 4 Cent manner bezuelen. Dee kascht dann nach 1,477 Euro de Liter.

Beim Bensinn gëtt et fir den Ament nach keng Baisse ze verzeechnen. Dee bleift onverännert bei 1,758 Euro de Liter (95er), respektiv bei 1,858 Euro de Liter fir den 98er.

D’Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO