Vum 11. bis de 17. Januar168 Corona-Infektioune bei de Schüler an dem Léierpersonal

RTL Lëtzebuerg
Am Schreiwes vum Educatiounsministère heescht et, datt quasi alleguer déi betraffe Persoune sech baussent der Schoul infizéiert hunn.
© AFP (Archiv)

Genee wéi och déi allgemeng Covid-Chifferen, ginn och d'rezenséiert Zuelen an de Schoulen erof.

An der Woch vum 11. bis de 17. Januar gouf et am Ganzen 168 Corona-Fäll an de Schoulen zu Lëtzebuerg. Wéi et am Schreiwes vum Educatiounsministère heescht, hu sech d'Persoune quasi alleguer baussent de Schoulgebaier infizéiert. Dat well virun der Woch vum 11. Januar zwou Woche Vakanz war an d'Woch selwer Homeschooling um Programm stoung.

Vun den 168 Fäll goufen der 166 dem Zenario 1 zougeuerdent. Betraff waren hei ëffentlech a privat Schoulen a Lycéeën an ee Centre de compétences. Ënnert dëse Corona-Positive waren 13 Enseignanten.

2 Fäll gouf et am Zenario 2, wou et also 2 Infektioune bannent enger Klass gouf, betraff war hei ee Lycée.

Et gouf iwwerdeems keng positiv Fäll am Zenario 3 respektiv 4.

PDF: Schreiwes vum Educatiounsministère

Back to Top
CIM LOGO